Date : 05/09/2025
calendrier_2.jpg

Du fënns en ab dem 11. September an dengem Cactus. Verbréng dat ganzt Joer zesumme mam Yuppi.

Op der Sich no gudden a frëschen Zutaten.  Mam Yuppi d’Ateliere vum Cactus entdecken ! 🌽🐄🍞

Am Cactus fënns du ganz vill frësch Produiten an de Regaler – vill dovu produzéiere mir esouguer selwer.

An dësem Kalenner léiers du vu Mount zu Mount eis Atelieren (Bakstuff, Metzlerei, Réischterei, Traiteur) an Zutate kennen.

👀 De Yuppi wëll wëssen: Wou kommen d’Zutaten hier? An zack ass e schonn ënnerwee op Entdeckungsrees duerch eist d’Ländchen.

🐓🥔 De Yuppi hëlt dech mat bei de Bauer, an d’Natur a souguer an d’Kaffisréischterei. 

Du fënns eraus, wéi gutt Iessen entsteet, wat dra stécht a firwat et wichteg ass, vu wou et hierkënnt.

🛒 Akafe kann eng richteg Aventure sinn! An d’Iesse schmaacht direkt duebel sou gutt.

dei_yuppi.jpg