D’Miel weien an an eng Schossel schëdden. An der Mëtt e Lach formen, d’Eeër an d’Salz derbäiginn.
D’Mëllech no an no an d’Lach schëdden a gutt verréieren, bis den Deeg vum Buedem lassgeet.
D’Salz an d’Waasser maachen an erhëtzen.
Esoubal d’Waasser kacht: Mat 2 Kaffisläffelen d’Kniddele formen an dono an d’Waasser leeën. Wann d’Kniddele fäerdeg sinn, schwamme se uewen um Waasser.
D’Kniddelen eraushuelen, an eng Schossel maachen a waarm halen.
De Speck an der Pan ubroden, d’Ram derbäiginn a kuerz opwiermen.
Zum Schluss dat Ganzt iwwer d’Kniddele schëdden a genéissen.
Votre atelier SAV vous propose dès maintenant un nouveau service : l’entretien et le détartrage de votre machine à café. Ce service est réalisé par nos techniciens professionnels.