assiette_kniddelen.jpg
Plat
Ingrédients
Préparation
Ingrédients
Zutate fir 6 Persounen :
500
g
Miel
1
Prise
Salz
1
Prise
Peffer
1
Prise
Muscat
4
Eeër
250
ml
Mëllech
1
Zoppeläffel
Grafft Salz (fir d’Waasser)
250
g
Speck
500
ml
Ram
Préparation
  1. D’Miel weien an an eng Schossel schëdden. An der Mëtt e Lach formen, d’Eeër an d’Salz derbäiginn.
  2. D’Mëllech no an no an d’Lach schëdden a gutt verréieren, bis den Deeg vum Buedem lassgeet.
  3. D’Salz an d’Waasser maachen an erhëtzen.
  4. Esoubal d’Waasser kacht: Mat 2 Kaffisläffelen d’Kniddele formen an dono an d’Waasser leeën. Wann d’Kniddele fäerdeg sinn, schwamme se uewen um Waasser.
  5. D’Kniddelen eraushuelen, an eng Schossel maachen a waarm halen.
  6. De Speck an der Pan ubroden, d’Ram derbäiginn a kuerz opwiermen.
  7. Zum Schluss dat Ganzt iwwer d’Kniddele schëdden a genéissen.