Yuppi Léierpad

Yuppi Léierpad

Yuppi Naturentdeckungspad

Mat Spaass duerch de Cactusbësch!

Zesummen mat natur&ëmwelt ënnerhält de Cactus zu Léiler an der Gemeng Klierf ee grousse Bësch op eng natiirlech Art a Weis an huet een flotten Léierpad op Bee gestallt

Mehrsprachige Broschüre herunterladen (PDF)  

De Yuppi an d’Sophie

De Yuppi Léierpad erméiglicht de Kanner de Bësch méi genau ënnert d’Lupp ze huelen. De Yuppi erzielt dobäi de Kanner eng Geschicht. De Yuppi huet eng Frëndin am Bësch an dat ass d’Sophie, eng Seechomëss. Si zwee wëllen sech mam Willi treffen, hirem Frënd dem Wëllschwäin. Mee de Willi ass net um Treffpunkt an sou maachen Si sech op d’Sich no him. An d’Kanner déi um Léierpad sinn natierlech och.

D'Sophie an de Yuppi ginn dem Wee vum Bësch no an entdecken elauter spannend Saachen iwwert: d'Beem an hier Blieder, d'Déieren am Bësch, d'Bëschwisen, d'Orientatioun am Bësch, d'Liewen an der Baach, d'Liewen am doudegen Holz, d'Beweidung, d'Geräischer am Bësch, d'Somverbreedung 
an d'Buedemliewen. Sou vill gëtt et ze entdecken an och selwer auszeprobéieren.

Wéi wäit ass den Trëppeltour ?

De Wee ass am Ganzen ongeféier 5,5 km laang, Kanner brauchen ongeféier 2 Stonnen dofir. Plangt awer léiwer 1 oder 2 Stonnen méi, fir alles genee ze kucken. De Yuppi weist Iech de Wee vum Parking bei déi éischt Statioun.

Itineraire  

Gutt ze wëssen

Well d'Natur net zevill verännert sollt ginn, ass de Wee leider net zougänglech fir Rollstullfuerer a Kannerkutschen. 

Well de Léierpad net kann permanent kontrolléiert ginn, ass d'Begoen vum Pad op eege Verantwortung. Weder Cactus s.a. nach natur&ëmwelt sinn responsabel fir Akzidenter déi op deem Pad geschéien.

Voir le plan  

De Yuppi an d'Amelie

Dëse Naturentdeckungspad vum Yuppi erméiglicht et de Kanner de Bongert konkret ze erliewen. De Yuppi erzielt och hei de Kanner eng Geschicht. Am Cactusbongert wunnt nämlech seng Frëndin d’Amelie, eng Bei. De Yuppi wollt d’Amelie besichen, an wou hien beim Beiestack ukënnt ass do grouss Opreegung, well de Beien hieren Hunneg ass geklaut ginn. Elo mecht hien sech mat alle Beien vum Stack op d’Sich nom Déif. An d’Kanner dierfen hëllefen den Déif ze fannen. Wien soll dat wuel sinn?

D’Amelie, d’Anouk, d’Anna, an all d’Beien ginn mam Yuppi dem Wee vum Bongert no an entdecken elauter spannend Saachen iwwert: d’Beien an déi aner Déieren am Bongert, d’Uebst am Bongert, d’Bongertwisen, d’Liewen am Weier, d’Aarbechten am Bongert. Hei gëtt et esou vill ze entdecken an och ze léieren.

Wéi wäit ass den Trëppeltour?

De Wee ass am Ganzen ongeféier 3 km laang. D’Kanner brauchen +/- 1 Stonn dofir. Plangt awer léiwer 1 Stonn méi, fir alles genee ze kucken.

De Yuppi weist Iech de Wee vun enger Statioun zur anerer. De Wee ass nët  zougänglech fir Rollstullfuerer a Kannerkutschen.

Itineraire  

Dépliant didactique





Voir le plan